Krëppespill vun de Schüler vun der Sainte-Sophie
D’Krëppespill vun de Schüler vun der Sainte-Sophie: eng éischt emotional Opféierung am Centre Jean XXIII
D’Schülerinnen an d’Schüler vun der Sainte-Sophie, ënner der Leedung vum Nicola Heckner, hunn e liewegt Krëppespill am Centre de formation diocésain Jean XXIII opgefouert – viru prominente Gäscht mam Kardinol-Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, Cardinal Jean-Claude Hollerich , un der Spëtzt, esou wéi anere Perséinlechkeeten dorënner de Leo Wagener , Weibëschof, de Patrick Muller, Generalvikar, de Jean Ehret, Direkter vun der LSRS , an d’Renée Schmit, Direktrice vum Diözesane Formatiounszenter Jean XXIII.
Fir dat drëtte Joer hannereneen hunn d’Schülerinnen an d’Schüler vun der Sainte-Sophie mat hirem musikalesche Kënnen an hire Lidder begeeschtert, fir d’Krëpp, déi am Diözesane Formatiounszenter Jean XXIII zu Lëtzebuerg-Weimershaff opgericht gin ass, anzewäihen.
Bravo u sämtlech Schülerinnen a Schüler fir dës onvergiesslech Momenter.
E grousse Merci un d’Léierinnen, d’Madame Scheer an d’Madame Schwarz, déi zesumme mat dem Nicola Heckner un der Virbereedung vun dësem wonnerschéine Krëppespill matgeschafft hunn.
E grousse Merci och un de Centre Jean XXIII fir den häerzlechen Empfang!