Den Zyklus 4.1 am Kamellebuttek
Am Kader vun der Vie et scoiété hunn sech d’Schüler aus dem Cycle 4.1 mam Thema „Virurdeeler“ auseneegesaat. Wat dat heescht, wéi erliewen mir et an eiser Gesellschaft an wat kann een dogéint maachen – dat waren d’Haptlinien. Dëse Projet leeft „fachübergreifend“, well Virurdeeler sech gréissten Deels iwwer d’Sprooch verbreeden, esou dat dëst Thema och am Franséischen an am Däitschen beschwat ginn ass.
Den 8. November ass et dann an de Kamellebuttek op Esch gaang, wou d’Kanner des flott an anescht Galerie d’Art entdeckt hunn an zesummen mat den Kënschtler Daniel Lloyd,Thomas Lloyd an Raphael Gindt eng Toile gesprayt hunn, déi eis Ënnerstëtzung géint Virurdeeler ënnersträicht.
D’Kanner hunn an Gruppen selwer konnten d’Technik mat Spraydousen entdecken an haten d’Freed derno selwer kreativ op hir eegen Leinwand en Konschtwierk ze sprayen.
https://youtube.com/shorts/CuOLSHizcVY?feature=shared
En flott Erfarung hunn sie erlieft an mat ganz villen kënschtlereschen Ideen sinn d’Schüler nees Heem gefuer, wou si stolz hier Toile ausstellen.