13 juillet 2022

Op de Spueren vun de Mënscherechter, historesch Platzen an der Stad Lëtzebuerg

Mat enger, dem Wieder ugepasste Kleedung, equipéiert mat engem Bic, engem Questionnaire an engem Rucksak mat Mëttegiessen maachen d’Schüler aus der Klass 4.2 sech op d’Sich no Gebaier, Monumenter, Informatiounspanneauen a Stroossennimm, déi eppes iwwert den Ëmgang mat de Mënscherechter an der Vergaangenheet erzielen oder erënneren.

Den Ausgangspunkt vun dësem flotten Tour war d’Schoul. Vun do aus si mer op de Boulevard J.F.Kennedy gaangen, fir duerno a Richtung Pafendall ze goen, laanscht d’Gebuertsplaz vum Robert Schuman.

Aner Arrêten waren d'Kasematten, de Grond, la Place de la Solidarité, d'rue de la Liberté, d'Villa Pauly an d'Gelle Fra.

null

Mat der Hellef vun Informatiounen an Erklärungen vum Enseignant iwwert déi verschidden Plazen a Gebeier konnten d'Schüler hir Froen vum Questionnaire beäntweren a gläichzäiteg Uweisungen op déi nächst Destinatioun kréien.

Zum Schluss gouf et als Belounung eng lecker Glace, déi jiddereen kount genéissen!

Photos liées à cette actualité

Chargement...