13 juillet 2022

Op de Spueren vum Hellegen Willibrord

Op de Spueren vum Hellegen Willibrord-e flotten Ausflug mam C4.2 zu Iechternach

Am Juli 2022 sinn d’Schüler vun der Klass 4.2 mam Bus op Iechternach gefuer fir den „Willibrords Tour“. Si goufen begleet vun der Madame Melissa Santos a vun der Madame Danièle Gindt.

Bei der Kierch „Pierre et Paul“ huet d’Madame Simone Lorang si all begréisst. Op eng flott a lieweg Art a Weis (kleng Theaterinzenéierung) gouf de Schüler d’Liewen an d’Schaffen vum Willibrord virgestallt. Si kounten entdecken, wéi d’Liewen zu deeër Zaït war.

Duerno haten d’Schüler d’Chance fir an de Musée ze goen, fir do verschidden Biller vum Codex Aureus souwéi d’Schreifartaweis vun deemols kennen ze léieren.

No engem Besuch an der Krypta vun der Basilika kounten si d’Graaf vum Hellegen Willibrord gesinn eeder et weider gangen ass, wou den Ursprung vun der Sprangprëzessioun, eng lëtzebuergesch Traditioun op Päischtdënschden erklärt ginn ass.

null

Mat Hellef vun der Musik vun der Prozessioun ass dann och gesprongen ginn.

Zum Schluss kounten d’Schüler sech nach e bessi op der Spillplatz vum Iechternacher Séi amuséieren .

Photos liées à cette actualité

Chargement...