24 novembre 2022

Klasse 3.2 auf Zeitreise in Barock und Gotik

D'Klass 3.2 war am Kader vun engem interdisziplinäre Projet tëscht Relioun a Konscht, deelweis mat dem Tram an deelweis zu Fouss, an d'Kathedral vu Lëtzebuerg fir op hir Manéier déi architektonesch Stilelementer aus der Gotik an dem Barock ze entdecken, déi si am Cours vu Viesor geléiert hunn.

Zesumme mat hiren Enseignanten dem Här Ziegler an  der Madame Scheer gouf fir d'éischt déi barock Entrée vun der Kierch suergfälteg ënnersicht. D'Schüler hunn e puer vun de Stilelementer, die typesch fir de Barock sinn, vu wäitem erkannt. Dozou gehéiert zum Beispill d'Veraarbechtung vu Blatgold, d'Benotzung vu ville Figuren a Skulpturen an d'Blummen. E Bléck weider huet dunn eenzel laténgesch Sätz an de Käpp vun de Prophéiten opgedeckt. Et gouf och erkläert, wat déi laténgesch Sätz bedeiten a wéi eng Figuren ze gesi sinn.

Duerno war et e kuerze Wee zur grousser Haaptentrée, dee wéi e Spadséiergank tëscht den Epochen war. Och hei hunn d'Schüler mat groussem Erstaunen vu wäitem erkannt, datt déi grouss a spatz Fënsteren, déi aus dem Cours bekannt sinn, op d'gotesch Epoche hiweisen.

D’Schüler konnten dunn mat der Hëllef vun engem  Questionnaire dobannen an der Kathedral weider Detailer iwwert de Barock an de gotesche Stil entdecken, wat de Schüler vill Spaass gemach huet.

null

Weider Statiounen fir d‘Entdeckung vun der reliéiser Architektur waren d'Synagog, d'Martin Luther Haus an d'protestantesch Kierch.

Chargement...